Den Departement Biologie vum Mamer Lycée stellt sech fir....


Mir hun als Biologie-Enseignant'en den Optrag fir Jugendlechen den Interessi a Freed un der Natur mat den Planzen an Deieren, hier Liewensweis an hieren Schutz mei no ze brengen...
Dobei kennt d'Kenneleieren an eng Verantwortung vum eegenen Kierper ze vermettelen.


Am Enseignement Secondaire Technique schaffen mer no der Idee vum Projet "la main à la pâte", d.h. am Mamer Lycee probeieren mer d'Wessen net nemmen drechen ze vermettelen mee meiglechst praktesch ze schaffen.


Regelmeissech Praktesch Aarbechten (z.B. Opschneiden a Kenneleieren vun der Struktur vun engem Aa oder engem Haerz, Wei geseit e Fesch vun bannen aus?, ...). D'Schüler sollen am Kader vun "Biologie in Stationen", Referaten, Uleen vun engem Herbarium, asw. sech en Basiswessen an der Biologie erschaffen.
Zudems leeft am Kader vum PROCI den Unterricht vun der Biologie am Kader vun den "sciences intégrées" wou den Bezug vun der Biologie mat aaner naturwessenschaftlechen Faecher wei Chimie an Physik hiergestallt gett.


Dobei kennt op 7eST d'Optioun "Education à la Santé et à l'Environnement" an op 8eST an 9eST d'Optioun "Sciences naturelles" vun je 2 Stonnen während engem Trimester.


Am Kader vum "projet d'établissement' vum Gebei ass d'Biologie och nach un den wöchentlechen Autonomiestonnen bedeelegt, wou et vill interessantes an der Biologie ze entdecken gett (Autonomie 7eST) an d'"Hexen an Hexenkraider" op 9eST wou mer zesummen mam Fach Sciences sociales iwwert Liewen am Mettelalter vill gewuer gin an d'Heelkraft vun einheimeschen Planzen kennenleieren an selwer ausprobeieren.


Och am Enseignement Secondaire probeieren mer meiglechst praktesch an engageiert eisen Cours interessant ze gestalten. D'Schueler sollen och zB. an enger Trimesteraarbecht oder an Referater selwer Themen erschaffen an virstellen dei si interesseieren. OP 4e waerten d'Schueler dann z.B. och mat komputergestetzter Technik (TIC) Miessungen um eegenen Kierper wei Blutdrock, EKG, Longenvolumen virhuelen.


Well mer an der "division inférieure" vum E.S. net esouvill Stonnen hun, bidden mir speziell fir dei interesseiert Schueler en "Club d'activité: An der Bio get et vill ze entdecken...!" Meindes no der Schoul un. Hei ennersichen mer d'Gewoeller vun Eilen, kukken wei proper eng Baach ass, froen eis firwaat d'Blieder greng sin, wat Bionik ass asw.


Den Departement Biologie organiseiert och traditionell mat aaneren Departementer zesummen fir d'7eO eng Naturexkursioun op Texel, wou mer den Liewensraum Wattenmeer an Strand praktesch kennenleieren.

Aeren Team vun Biologie-Enseignant'en

CHRISTNACH Claude DIEDERICH Isabel FALSETTI Sandra
HOFFMANN Lydie KOHNEN Jeff LAUX Jackie
MARX Thierry PIR Jacques SCHMIT Dominique
     
 
  Département Biologie ------------------ copyright 2005 ----------------- Webmaster ------------- Lycée Technique Josy Barthel -------